Zum Hauptinhalt springen Zum Hauptmenü springen

D'Kanner aus dem Précoce a Préscolaire vum Däich / Echerdahl spillen Theater

20.06.2014

D'Kanner vum Précoce a Préscolaire aus der Schoul Däich / Echerdahl hu während dem Joer 4 ganz flott Theaterstécker virbereet. Gëschter an haut war / ass et souwäit mat der Opféierung. Ganz professionell hunn d'Kanner aus der Klass Weistroffer a Raccogli gëschter di zwee éischt Stécker opgefouert: "D'7 Geessen" an "Di dräi Schwéngercher" . Haut sinn d'Kanner aus der Klass Reding a Demany un der Rei mat de Stécker "Routkäppchen" an "Ech si kee béise Wollef". Haut de Moien hunn se scho ganz fläisseg geprouft a si haten scho souguer di éischt Zuschauer aus dem Cycle 2. Am Uhang fannt dir no a no verschidde Photoe vun den Opféierungen a Prouwen.

Wiki Projet Klass Demany/François



Opféierung Klass Weistroffer / Raccogli
Prouwen / Opféierung Klass Reding - Routkäppchen
Prouwen / Opféierung Klass Demany - Ech si kee béise Wollef

» Fotoen