
Ouschterfest an der Schoul Ribeschpont
29.03.2014Kleng a grouss hunn de leschte Samschden am Nomëtten zesumme gefeiert, fir de Wanter definitiv ze begruewen. D'Wieder war mat um RDV.
Mat klenge musikaleschen an dänzereschen Opféierungen, engem Bastelsaache-Bazar a flotten Atelieren fir d'Kanner ass d'Fréijoer agelaut ginn. Vill Elteren hu bei der Organisatioun gehollef a fir Iessen a Gedrénks gesuergt.
Mer spenden 1˙000 EUR un d'Associatioun « Ile aux Clowns ».
Bilder / Photos
» Fotoen