Diddeléng ass eng Gemeng, déi am Süden vu Lëtzebuerg op der Grenz vu Frankräich läit (latitude 49°28'43'' Nord; longitude 6°05'05''Ost). Zu Diddeléng liewen op den 1te. Januar 2010 18.909 Leit, dovunner sinn 38,54 % Auslänner. Am ganze ginn et zu Diddeléng 92 verschidden Nationalitéiten.
An d'Diddelénger Grondschoul ginn am Joer 2009/2010 am ganzen 1.903 Kanner vun 4 bis 12 Joer (dovunner 965 Jongen an 938 Meedecher). Et sinn 1.067 Lët-zebuerger an 836 Auslänner (d.h. 43,93% Auslänner mat 40 verschidden Natio-nalitéiten). D'Kanner gi vun 149 Léierinnen a 46 Schoulmeeschteren ënnerriicht. Et gëtt 12 verschidde Gebaier, vun deem klengste mat enger Klass, bis zu deem gréisste mat 22 Klassen.
D'Kanner vun dräi Joer kënne fakultativ an d'Klass vum Précoce (Cycle 1.1.) goen, wou se haaptsächlech duerch de Kontakt mat deenen aneren hir Sprooch-fähegkeeten a Sproochkenntnisser vergréissere sollen. Vu 4 Joer un ginn d'Kanner obligatoresch während zwee Joer an d'Spillschoul (Cycle 1.2.), wou se virun allem hir manuell, motoresch, raimlech a sozial Kom-petenzen développéiere sollen. Vu sechs Joer u gi se dann an d'Primärschoul (Cycles 2.1., 2.2. ; 3.1. ,3.2. ; 4.1, 4.2), wou se an deene nächste sechs Joere bleiwen. Si ginn op Däitsch alphabetiséiert, a vum zweete Schouljoer u léiere se och déi franséisch Sprooch schreiwen, liesen a schwätzen. Déi zwou Sprooche si mat der Mathematik d'Haaptfächer, do dernieft hu si nach Sciences, Travaux manuels, Sangen, Lëtze-buergesch, Education physique an Enseignement religieux oder Enseignement moral. Am ganze ginn déi kléng Lëtzebuerger Schoulkanner 28 Stonnen an der Woch an d'Schoul, an dat während 37 Wochen am Joer. Am Enn vum sechste Schouljoer maachen d'Schüler ee nationalen Test am Däitschen, Franséischen an an der Mathematik. Duerno gi se an den Enseigne-ment secondaire technique oder classique an hunn näischt méi mat der Grond-schoul ze dinn.
D'Partnerklasse vum Comeniusprojet "Die 4 Jahreszeiten" sinn an 3 verschidde Schoulgebaier : Butschebuerg, Ribeschpont a Strutzbierg. Am Schoulgebai vum Quartier Butschebuerg, ee mat den eelste Quartieren vun der Stad Diddeléng sinn et 3 Klassen déi um Projet matschaffen: D'Klasse vum Sonja Bigdowski a Françoise Back (Cycle 2.1.). D'Kanner sinn tëscht 6 a 7 Joer. Et sinn 12 Jongen an 8 Meedecher. Si fänken elo u mat liesen, schreiwen a rechnen.
D'Klass vum Jan Hennico (Cycle 2.2.). D'Kanner sin tëscht 7 an 8 Joer a si fänken an dësem Joer och scho mat der franséischer Sprooch un. D'Klass vum Antoinette Terzer a Maryse Flammang (Cycle 4.2.) D'Kanner sinn tëscht 12 an 13 Joer. Et ass hiert lescht Joer an der Grondschoul. D'nächst Joer si se net méi beim Projet dobai, well da gi si an de Secondaire.
Am Schoulgebai vum Ribeschpont schafft d'Klass vum Felix Lentz (Cycle 3.2) am Projet mat. Déi 13 Kanner (7 Meedercher, 6 Jongen) sinn tëscht 9 an 10 Joer al. 10 Kanner si Lëtzebuerger, 1 Kand huet déi franséisch Nationalitéit, an 2 Kanner hunn eng duebel Nationalitéit (LU/PT, LU/IT). Op dësem Niveau ginn déi däitsch, franséisch a mathematesch Kompetenzen perfektionéiert. D'Lëtzebuergesch gëtt dobäi, a bescheidenem Mooss, och net vergiess.
Eng aner Partnerschoul zu Diddeléng ass d'Gebai Ribeschpont, dat an engem ganz neie Quartier am Norden vun Diddeléng läit an den 28. November 1998 ageweit gouf. D'Konstruktioun vun der Schoul sollt der demographëscher Evolutioun an dësem Deel vun Diddeléng gerecht ginn. D'Schoul ass zimmlech modern konzipéiert a gutt an dat natierlecht Ëmfeld integréiert. D'Gréngzone rondrëm d'Schoul an den Espace am Gebai selwer si generéis verdeelt, fir d'Kanner net ze erdrécken.
Natierlech gouf och versicht, ekologëschen Aspekter gerecht ze ginn. Et sinn nëmme gesondheetlech onbedenklech Baustoffer benotzt ginn, an den Energieverbrauch ass op ee Minimum reduzéiert. Déi normal Schoulsäll si gréisstendeels duerch Tëschesäll matenee verbonnen, fir ee modernen, op Kultur a Kommunikatioun ausgeriichten Unterricht ze erméiglechen. Glanzpunkter sinn de groussen Turnsall an de klenge Stadion, déi och fir ausserschou-lech Sportaktivitéiten zu Diddeléng benotzt ginn. Fir d'Kreativität an d'Fantasie vun de Kanner ze stimuléieren, dekoréiere Wierker vum Diddelénger Kënschtler Jean-Pierre Adam d'Gebailechkeeten souwuel bausse wéi bannen.
Am Schoulgebai vum Strutzbierg ass et d'Klass vum Sandy Del Piero, déi am Projet matschafft??. Eng vun den lëtzebuerger Partnerklassen vum Comeniusprojet "THE 4 SEASONS" ass am Schoulgebai Strutzbierg, dat am Zentrum vun Diddeléng läit. Den Numm "Strutzbierg" kënnt dovun, dass fréier do d'Pompjeeën hieren Sëtz haten.
Doduerch dass des Schoul am Häerz vun Diddeleng läit gëtt se och nach "Centre" genannt. Doduerch ass een natierleg och no bei all deene wichtege Gebaier a Verkéiersmëttelen (Gemeng, Bus, Zuch, ?) De Strutzbierg besteet aus 3 Gebaier (Centre A, Centre B, Centre C) Fréier, wou d'Kanner nach getrennt gi sinn, war den A an de B d'Meedercher- an d'Jongeschoul. Den C, dat haut ënnert anerem eng Schwemm fir d'Spillschoulen an eng Sporthal ass, war fréier e Veräinshaus mat der Musikschoul.
An der Partnerklass si 15 Schüler, dovunner 7 Meedercher an 8 Jongen, 5 Lëtzebuerger an 10 Auslänner. Et si 5 verschidden Nationalitéiten, a 5 Kanner sinn eréischt am Laf vun hierem Liewen bei eis an d'Land wunne komm. 1 Kand ass réischt seit engem Joer hei.
This page in english School website